D’Lëtzebuerger Schwéngefleesch vun der Marque Nationale, elo nach méi villfälteg.
Nieft Ham a Frëschfleesch gëtt et elo och Jelli, Paté, Zoossiss, Grill a Mettwurscht; alles mat Fleesch vun Heiheem gemaach an am Optrag vum Landwirtschaftsministère kontrolléiert a zertifiéiert. Excellent Qualitéit. Kuerzen Transport. All dës gutt Mäifel kritt dir elo an de Supermarchéen, den Epicerieen, op den Tankstellen, an der Provençale a bei Salaisons Meyer. DSchwéngefleesch vun der Marque Nationale, saugutt!
Hei eis Produiten:

Gekachten Ham
Zaart a säfteg am Goût
E Genoss mat Spargelen,
mat Meloun oder op der Schmier
Réi Ham
14 Méint gedréchent
Douce Reezgoût
Voll am Geschmaach, equilibréiert am Goût
E Genoss mat Spargelen, mat Meloun oder op der Schmier
Zoossiss
4-5 Wochen gedréchent
Qualitativ héichwäerteg
Natierlech Gewierzer
Agefëllt am Naturdaarm
Würschtercher
No engem traditionellen Familljerezept
Knackeg a bëssfest
Perfekt mat Gromperenzalot oder als Snack
Agefëllt am Naturdaarm
Mettwurscht
No engem traditionellen Familjerezept gereezt
Agefëllt am Naturdaarm
E Genoss um Grill
Gutt gehäerzt am Goût
Jelli
En traditionellt hausmaacher Rezept
Kräfteg am Goût
Mat engem gudde Schotz Elbling
Paté
Mat frëscher Liewer an natierlech Gewierzer
Gutt gebak
Cremeg am Goût
Grillwurscht
Mat frëscher Mëllech an Kraider (Péiterséileg)
E Genoss bei all Grillfeier
Liicht grillen